Iwwer BrBex

Les Brasseurs Belges expatriésObwuel se am Oktober 2017 opgemaach gouf, ass d’Brauerei BrBex nach laang net an sengen éischten Kandheetsunfäng.


Virgeschicht

Déi zwou passionéiert Persounen, den Christian an den Yves, haten bei sech Doheem säit e puer Joer gebraut, an hunn allen zwee, mee separat, eng Mikrobrauer Formatioun an Oweskueren zu IFAPME vun Arel gemaach. Domat hunn se eng Rei Béier kreéiert, mee an ganz kléngen Quantitéiten produzéiert (zwanzeg Liter pro Faass).Als se sech begéint sinn , hunn se sech natierlech iwwert hir Brauerfahrungen ausgetosch. No e puer Méint, hunn se sech entscheet dëst Abenteuer ze riskéieren : d’Pikobrauerei ze verloossen fir Mikrobrauer ze ginn. Den Marc, en gemeinsamen Kolleg an opgekläerten Genéisser, ass dunn dem Projet bäigetratt.No genosslechen Degustatiounen an Versammlungen, hunn dës dräi Frënn d’Recetten iwwerschaff, domat se eng stabil an ergänzte Gamme unbidden kënnen.Dunn hutt missten eng Societéit gegrënnt ginn, an hir en Numm fonnt ginn.

Le verre BrBex entre Recevresse et Sereine

Well allen dräi vun belscher Nationalitéit waren, an an Frankräich gelieft hunn, huet sech een Numm imposéiert: ” les Brasseurs Belges expatriés” …well d’ ” Belgitude” eng Garantie fir d’Qualitéit am Beräich vum Béier bleift.Fir dës Expatriatioun ze symboliséieren, hunn den Marc an den Yves, déi ganz no bei Avioth gewunnt hunn, d’Basilika als Verankerung gewielt während den Christian den Klouschter vun Mont-Saint-Martin an Fonktioun vun senger Residenz, gewielt huet. Dës zwee Polen sinn Allenzwee op der selwechter Cuesta, d’ “Bajocienne”. (Lorraine-894) D’Basilika op senger westlecher Säit an de Klouschter an sengem ëstlechen Sommet. Dës “Cuesta bajocienne” formt oft d’franco-belsch Grenz an verbënnt d’ “Lorraine Romane” mat der “Lorraine Francique”. Am Mëttelalter huet den Klouschter am Osten an um Sommet vun der Cuesta d’Pensiounen an d’Gottesdéngschter fir dräi Dierfer empfangen, während am Westen, d’Basilika, déi op dëser Cuesta gegrënnt gouf, Wallfaarten an Mäert empfangen huet.Eng Linn ass soumat gezunn, wéi wann se sech am Adoptiounsland vun den dräi Frënn erstrecken wéilt. Seng wellenformeg Beweegung an seng Form, kënnen en mat der “Vouivre” verbannen, eng Zort vun ënneriedesch Stréimung, déi d’regenerativ Muecht vum Waasser an vun sengen verstopptenen Energien innerhalb vun der Äerd, onserer Mamm verkierpert. Sou wertvoll ewéi den Kult vun den Schwaarzen Madonnen zu Avioth, maachen domat vun dëser Linn eng visuell an ënneriedesch Verbindung tëschent dësen zwou Plazen, déi vun Geschicht belueden sinn an d’Nimm vun onsere Béier geschaf hunn. Eng Verbindung déi och déi déif Frëndschaft tëschent onsere dräi Braueren symboliséiert.Déi zwou vun Geschicht geluedenen Plazen hunn ebenfalls d’Nimm vum Béier geschaf…

Geschicht

Mir hunn, och ewéi anerer virun ons, decidéiert am Ufank onsere Béier bei bekannten Brauereien ze brauen. Virun allem geet et dorëms Zäitspanen ze fannen (en eidelen Braukessel laang genuch fir dat mir en fëllen kënnen). Dësen Hierscht 2017, huet d’Brasserie
GenGoulf ons op zwou Plazen an hirer Programmatioun fonnt, déi zougelooss hunn ons éischt Recevresse an dono ons éischt Sereine ze brauen.

Onsere Béier

All onsere Béier ass an éichter Plaz en Genoss an eng Freet fir d’Nues an d’Zong, mee och eng visuell Experienz.Mir hunn entscheet den Etiketten vun onsen Fläschen grad souvill Opmierksamkeet ze schenken wéi dem Nektar deen se enthalen.En kompetenten Kënschtler, den Michel Barthélémy, war averstan d’Nimm vun onsere Béier, an d’Iddien déi heen fir ons verkiepert, an Molerei ze transcrivéieren. Dës Molereien sinn den Zentrum vun den Etiketten.D’Basilika vun Avioth huet ons legendär regional oder architekturesch Themen geliwwert, déi all “lorrain gaumais” kennt, wéi d’ “Recevresse” oder den “Warabouc”.Den Klouschter vun Mont-Saint-Martin huet ons, duerch seng monastesch Beruffung an duerch seng transkulturell Positioun vu senger Grënnung bis haut, zu universellen Themen gefouert, wéi den “Novikat” oder d’ “Sich vun der Geloossenheet”.Entwécklung

Et ass evident, dat mir esou séier wéi méiglech an onsere eegenen Installatiounen brauen wëllen. Dat wäert natierlech vum Succès vun onsere éischten Brauungen ofhänken.D’Entwécklung vun onserem Handwierk wäert an der selwechter Aart wéi ons Aarbecht gemaach ginn – bei all Etappe vun dëser Entwécklung – wäert onsere Konsumenten eng eenzegaarteg Gamme vun Béier ugebueden ginn, déi d’Ästhetik mat enger kompletter Approche vun der Qualitéit am Respekt vun de Prozesser, den Zoutaten an vum Mënsch kombinéiert.